La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
A leschter Zäit goufen et jo vill Diskussiounen zum Thema Sproochen, resp. Lëtzebuergesch an der Schoul.
Ech fannen et richteg, datt an der Schoul soll lëtzebuergesch geschwat ginn. Wat ech allerdéngs vermëssen, ass, datt Lëtzebuergesch an der Schoul richteg geléiert gëtt.
An der Grondschoul gëtt et menges Wëssens kee feste Programm a jidfer Schoulmeeschter/-tesch mëcht do e bessi no sengem Goût. Dat ass bei deem enge méi, bei deem anere manner.
Op 7ième ass grad mol 1 Stonn lëtzebuergesch virgesinn. An dat war et dann. Während Relioun/Morale nach bis op 3ième Plaz am System fënnt, geet eis Sprooch doranner komplett ënner.
Wéi kënne mer verlaangen, datt eis auslännesch Matbierger eis Sprooch schwätzen, wa mer se op der elementarster Plaz, nämlech an der Schoul, net léieren? An zwar net nëmmen schwätzen, mee och schreiwen. Mir hunn dach lo eng Grammär op déi een sech ka baséieren... firwat huet déi hiere Wee an d'Schoul nach net fonnt?
Ech hunn hei an deem Text bestëmmt och Feeler geschriwwen, vu datt meng Schoulzäit scho bessi mi laang hier ass an ech dat wat ech weess mer selwer probéiert hu bäizebréngen. Mee just mol e Beispill wat ech erliewt hunn:
D'Kand kënnt aus der Grondschoul heem mat engem Liddertext op lëtzebuergesch... voller Feeler.
Ech hu mech heiheem bessi opgereegt, an mäi Kand huet dat dann och der zoustänneger Joffer gesot.
Hier Äntwert dorobber war: "Haaptsaach et versteet een et"!!!
Mat där Astellung fannen ech et lo bessi affrontéiert, da vun auslännesche Schüler ze verlaangen, se missten lëtzebuergesch schwätzen.
Wann ech liesen, wat op FB sou geschriwwe gëtt, grammatikalesch,... do gi mir Dronkenellen aus.
Mee soulaang eis Sprooch net déi Plaz an der Schoul huet déi se verdéngt, brauche mir eis net ze wonneren. an och net opzereegen!
Bonjour!
Merci fir Äre Bäitrag!
D’Lëtzebuerger Sprooch spillt an der Grondschoul eng ganz wichteg Roll. Am Zyklus 1 ass d’Lëtzebuergesch Haaptunterrichtssprooch esou datt all Kanner hei e Maximum Lëtzebuergesch léiere kënnen. Ab dem Zyklus 2 iwwerhëllt dat Däitsch dee Rôle – Lëtzebuergesch bleift awer a méi wéi engem Véierel vun der Unterrichtszäit Kommunikationssprooch.
Lëtzebuergesch spillt och am Plan d’études vun der Grondschoul, deen de Programm definéiert, eng wichteg Roll. Et sollen am grousse Ganzen déi selwecht Kompetenzen entwéckelt ginn, wéi an den aneren Unterrischtssproochen.
Well eis Schoulen en général awer op méi héich Studie virbereede soll, gëtt den Accent op déi Sprooche geluecht, déi een als sougenannten „Ausbausspoochen“ bezeechent. Dat sinn déi Sproochen, déi an der Communauté scientifique gebraucht ginn, an dat sinn déi däitsch, déi franséisch an déi englesch Sprooch.
Wat elo d’Léiere vun enger Sprooch ugeet, hei mam Bléck op d’Lëtzebuergesch, muss een dovunner ausgoen, datt ee Kand normalerweis 7 bis 8 Joer brauch, bis et eng Sprooch einigermoosse beherrscht. Wat d’Schreiwen ugeet, kann dat esouguer nach méi laang daueren. Déi selwecht Problematik gëtt et net nëmmen hei, mä och am Ausland, wou sech regelméisseg doriwwer opgereecht gëtt, datt vill Kanner an esouguer déi erwuesse Leit beim Schreiwen nach ëmmer Feeler man. Do brauch ee just op däitsch oder franséisch Facebooksäiten ze goen, fir sech dovunner ze iwwerzeegen.
Sprooche sinn nun emol eng komplex Ugeleegenheet.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Josiane a partagé
L'équipe de Vos Idées