Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Reform vum Aarbechtsmaart.
Wann een Reform seet a mengt dann geet et fir mech net duer fir e puer Verbesserungen ze maachen, nee dann soll een sech roueg mol trauen den System radikal vun Grond aus nei ze organiséieren an der Zäit unzepassen , dat huet déi al Regierung sech net getraut. D' Fro ass huet déi nei den Courage?
Déi éischt Fro déi sech stellt ass jo wéi kommen déi, déi Aarbecht sichen an déi déi Aarbechter brauche am einfachsten beieneen?
Haut ass et esou dat Patronen (oder Personalchefen) sech bei der ADEM mellen wann se Verstäerkung brauchen an ADEM schéckt dann méi oder wéineg Qualifizéiert Leit dohin fir sech virzestellen.
Vill Firmen maachen léiwer deier Annoncen an vermeiden d'ADEM fir neit Personal ze sichen.
Ech schloen vir:
En Eenheet' s CV deen jiddereen deen Aarbecht sicht an bei der ADEM ugemellt ass online muss ausfëllen vun der ADEM verbessert gëtt an dee gëtt dann online gestallt, all Firma kritt en Zougangscode fir déi CVen zu all Moment kennen anzegesinn an iwwert deen Server direkt kennen eng Aluedung un en Kandidat schécken deen dem Profil entsprécht.
Esou ass een vill méi flexibel, d'ADEM huet Kontroll wou wéi een Kandidat eng Aluedung kritt huet an, an den Perséinlechen Gespréicher zwëschen dem Aarbechtslosen an den Placeur vun der ADEM kann een d'Resultater nodréiglech opschaffen.
Fir den Patron vill méi Flexibilitéit an virun allem keen Zäitverloscht mat Kandidaten déi net dem Profil entspriechen. Den Virdeel vun der ADEM ass och dat esou vill méi Patronen iwwert d'ADEM sichen, wann Patronen bis wëssen dat se Zougang zu engem Fichier vun iwwert 15.000 Kandidaten hunn.
En klengen Cadeau fir den Patron: Wann no der Proufzäit en CDI ënnerschriwwen gëtt kritt en Soziallaaschten vun der Proufzäit erëm.
Vill Leit hunn einfach Problemer fir sech virzestellen:
Onsécherheet spillt do ganz oft eng Roll déi net ze ënnerschätzen ass, vill leit hunn och einfach dat néidegt vertrauen an sech selwer verluer, elo kann een se hin an hir schécken mat der Garantie dat se ni eng eng Plaatz kréien an ëmmer méi onsécher ginn, dat ass bei deenen Jonken mee och bei deenen méi Aalen de Fall.
Do kennen Couren hëllefen extra fir déi Leit opzebauen oder awer eng grouss hëllef wier et och genau déi Kandidaten bei en Virstellungsgespréich ze begleeden. (eventuell eng Assistante Social)
Ass et wierklech néideg dat all Aarbechtslosen all 14 Deeg mat enger Käertchen op der ADEM muss optauchen fir en Stempel ze kréien?
Et ass vill méi einfach wann den Aarbechtslosen all Woch eng E-Mail muss un säin Placeur schécken mat engem Rapport vun den Beméiungen déi en déi Woch gemaach huet fir eng Aarbecht ze fannen. An all Placeur decidéiert wéi en Kandidat hien wéini, well a muss, gesinn. Do kann et sinn dat deen een méi oft muss kommen wéi en aneren.Deen een brauch eben méi perséinlech Betreiung wéi deen aneren. An virun allem hëlleft et en Vertrauensverhälltnis opzebauen an jiddereen kritt déi mooss un hëllef déi en brauch, deen een kann een 1 Mount lafen loossen deen aneren brauch den Placeur eben 1 mol d'Woch. Den Placeur huet andeems hien decidéiert wéini an wien hien bei sech rifft och dann d'Méiglechkeet déi Zäit anzeplangen déi hien an deen jeeweilegen Kandidat muss investéieren.
Dat sinn e puer Iwwerleeungen, ech weess dat déi ganz Organisatioun vill méi komplex ass, ech hunn och nach e puer aner Ideen mee dann gëtt den Bréif ze laang.
Bon , an elo loossen ech mech kritiséieren dann weess ech och wéi dat ass.
Mat frëndlechen Gréiss
Gudde Moien!
Merci fir Äre Bäitrag. Är Propose gëtt un déi zoustänneg Ministèren a Verwaltunge virugeleet.
Hei op vosidees.lu kënnt Dir zu all Ament kucken ob et een neie Moment gëtt.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu vosidees.lu
Gudde Moien!
Merci fir Äre Bäitrag. Är Propose gëtt un déi zoustänneg Ministèren a Verwaltunge virugeleet.
Hei op vosidees.lu kënnt Dir zu all Ament kucken ob et een neie Moment gëtt.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu vosidees.lu
Här Rinck
ech muss mech dem Här Marco S. voll a ganz uschleissen,well de mann huet et op de punkt bruecht,och waat grondakommes betrefft.de grondakommes geiw dem staat mei belleg gin,wei daat waat elo de fall as zenter joorzengten.
niewebai bemierkt muss een chomeur nemmen 1 mol de mount op d'adem trepplen,a net all 14 deeg.an mir hun vill mei wei 15.000 arbechtsloser (Arbeitslose in Luxemburg im August 2014 integral:45.883 Personen 11,67 % Offizielle Arbeitslose + ABM Massnahnmen + arbeitslose Grenzgänger + Anzahl der nicht bei der ADEM eingeschriebenen Personen. Quelle: Adem & Statec)
all woch eng email vun sengen bemeiungen un de placeur vun da adem ze schecken,dei sach geet nie op.aus dem einfache grond,dass vun 150 betrieber mol keng 140 et ferdeg brengen,dem demandeur/chomeur eng änwert ze gin,weder iwert de postwee weder nach iwer email oder telefon.an och baiwaitem net all chomeur kann sech mangels mobiliteit quesch duercht d'land beweegen,fier dann sur place am betrieb och nach op vaschidden maneiren ow gewimmelt ze gin,zb."schreiwt mir w.e.g. een ziedel dass ech hei war",d'äntwert.."entschelgt,daat derf ech net,an de chef as net do,den as ausser haus", wei also well een demandeur/chomeur dei beweisen,dass hien sech bemeit?? dei kann hien nie am liewen.awer als resultat geiw hien nach bestrooft gin,an sou nach mei wait sozial owrutschen.daat ganzt as nemmen ee kräftegen schoss an den uewen,an zwar esou ee kräftegen das de ganze kamain vun ennen erop mat gebotzt get.
fier eng grondlegend ännerung vum arbechtsmaart situation ze man,geiw ech folgendes fierschloen.
eis betrieber hei stellen leiwer frontalien an wei letzebuerger,daat wesse ma alleguerten,an do as ee grousse problem doruner.aus dem grond misst de staat dohiner goen an betrieber dozou zwengen als eischten mol letzebuerger an zestellen(hei am land eng adresse hun,also hei gemeld sin als awunner as massgebend,egal welch nationaliteit de chomeur huet,),wann op dem wee mol engkeier keen chomeur mei do as,reischt dann derf een betrieb een qualifizeierten frontalier astellen.a keen wou absolut keng ahnung vun der matiere huet,wann een dem eng fro stellt.
daat wier vill mei eng grondlegend an sennvoll ännerung vun eisem arbechtsmaart,wou de staat an seng bierger kennen dovuner profiteiren.
bescht greiss
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Daniel a partagé
Marco S.
Här Rinck
Dier schreift et soll een sech mol trauen, de System (radikal) vu Grond aus nei ze organiséieren an der Zäit upassen.
Éierlech gesot fannen ech net vill radikal Ännerungen an Upassungen un des Zäit an äre Proposen.
Zitat: "Déi éischt Fro déi sech stellt ass jo wéi kommen déi, déi Aarbecht sichen an déi déi Aarbechter brauchen am einfachste beieneen?"
Wei déi zwou Parteien am einfachsten beienee kommen?
Am einfachste kommen se beieneen, wann se wierklech op Aenhéicht matenee kenne verhandelen, an net dass dee wou Aarbecht sicht, duerch d'Erpressungspotential mat senger Existenzgrondlag, gezwongen ass eng Aarbecht unzehuelen, déi géint seng ethesch oder moralesch Virstellungen an Prinzipie verstéisst (zum Beispill:Waffenindustrie, Arméi), keng oder net genuch Unerkennung oder Respekt kritt fir dee Bäitrag wou en leescht oder d'Akommes ze niddreg ass fir ee mënschewierdegt Liewen ze erméiglechen.
Zu ärer Propose, datt ee muss ee CV Online ausfëllen, ginn et emol schonn dateschutzrechtlech Froe wou sech do stellen, ass deen Online-CV anonym, ouni datt eng vun deene Firma'en direkten Zougrëff op Informatioune wei den Numm, Privatadress oder Fotoen huet.
An wei ass et mat der Datesécherheet , esou wuel intern bei der ADEM, ewéi och extern mat den Betriber?
An datt een gezwongen ass ee CV Online auszefëllen, wann een als Aarbechtssichenden sech op der ADEM umellt, datt entsprécht och net grad engem demokratesche Prinzip vun engem Recht op seng Privatsphäre.
Bis elo ginn esou Informatiounen nëmmen intern bei der ADEM ausgetosch an déi Leit wou op der ADEM schaffe kënnen dann den Kontakt hierstellen tëschent dem Patron an deem Aarbechtsichenden.
Wann den Patron een detailléierte Profil vun den Ufuerderungen un déi Leit wou en sicht der ADEM matdeelt, ass datt kee Problem.
An datt mat deenen 15.000 CV'en déi dann Online wieren, op do d'Sich mei einfach wier fir de Patron bezweifelen ech, ausser et wier eng Datebank wou een Betrib direkt an onkomplizéiert een Profil mat den Ufuerderunge vun där gesichter Persoun erstelle kéint an dann déi Kandidaten anonym géif proposéiert kréien an den Aarbechtsichenden seng privat Daten fräiwëlleg kéint weiderginn un dee Betrib.
Zitat: "En klenge Cadeau fir de Patron: Wann no der Proufzäit en CDI ënnerschriwwe gëtt kritt en Soziallaaschte vun der Proufzäit erëm."
Esou eng Zort vun subventionéierten Aarbechtsplaze gëtt et schonn haut, datt ass och näischt wierklech Neies, datt gëtt en an deene verschiddenste Formen och schonn haut.
Zitat: "Ass et wierklech néideg dat all Aarbechtslosen all 14 Deeg mat enger Käertchen op der ADEM muss optauche fir en Stempel ze kréien?
Et ass vill méi einfach wann den Aarbechtslosen all Woch eng E-Mail muss un säin Placeur schécke mat engem Rapport vun den Beméiungen déi en déi Woch gemaach huet fir eng Aarbecht ze fannen."
Déi doten Ausso, wou een muss all Woch eng E-mail un de Placeur schécken an sech rechtfäerdege muss op een sech genuch beméit huet eng Aarbecht ze fannen, zu egal wat fir engem Präis, klengt schonn no staatlechen diktatoresche Moossnahmen, wou dann och schonn eng grouss Dier opgeet fir datt et ëmmer méi Sanktioune kéint ginn, esou wei matt "Hartz 4" an Däitschland, wou de Staat d'Mënschen erpresst mënschenonwierdeg Aarbechte mussen unzehuelen ,déi emol net duer gi fir een mënschewierdegt Liewen ze feieren an een nach muss vum Staat "Sozialleeschtungen" bezeien, déi awer bei wäitem net duer ginn, fir wéinstens een Akommes ze hunn wat d'Erofrutschen an d'Aarmut effektiv verhënnert.
Ech maachen iech dann eng aner Propose, de Chômage an den RMG fält komplett ewech, an aplaz kritt all Mënsch een bedingungsloost Grondakommes ausbezuelt, wat um Niveau vum "seuil de pauvreté" (60% vum mediane Akommes) läit.
All aner Sozialleeschtunge fir Mënsche mat Behënnerung an esou weider bleiwen bestoen.
Dann kéinte mer all déi Aarbechtsplazen ouni Problem ofbauen déi dem mënschleche Liewe schueden oder et esou guer zerstéieren (Waffenindustrie, Arméi, ëmweltschiedlech Produkter, a.s.w.).
An mir hätte vill méi Mënschen déi kéinten als "Problemléiser" schaffen an déi Problemer léisen, déi haut net geléist ginn, well dofir keen oder een ze klengt Akommes fleisst.