La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Där Dammen an Hären,
Ech erlabe mer, dëst ze schreiwen.
Evocatioun:
Den Artikel 76(3) alinéa 3 vum Gesetz vum 12.2.1979 concernant la TVA (texte cordonné) disposéiert: << La décision du directeur est susceptible de recours. Le recours est introduit par une assignation devant le Tribunal d'Arrondissement de Luxembourg siégeant en matière civile >>.
Dat bedeit, datt de Reklamant ëmmer en Affekot an en Huissier muss engagéieren a bezuelen, fir datt seng Affär vum Geriicht tranchéiert gëtt. En l'espèce kënnt et dack vir, datt d'Honorairen vun den Auxilliaires de justice méi héich sinn wéi de Streitwert, an duerfir maachen etlech Leit kee Recours.
Bei de Steieren ass d'Prozedur anescht, wann de Bierger géint eng Décisoun vum Steierdirekter reklaméiert., zum Beispill am Fall vum bulletin d'imposition, also dem montant de l'impôt entôlé.
D' Gesetz vum 21. Juni 1999 portant règlement de procédure devant les juridictions administratives-Titre III- Dispositions spécifiques en matière fiscale- seet am Artikel 57.: << La requête introductive d'instance signée par le requérant ou son mandataire....>>. In spezie kann de Bierger selwer, ouni Affekot asw. mat enger Requête d'incriminéiert Décisoun ufechten a seng Affär in personae virum Verwaltungsgeriicht plädéieren. Dës Recoursprozedur ass méi einfach, méi séier a vill méi bëlleg.
Suggestioun:
Ech proposéieren, datt de Recours géint d'Décisioun vum Direkter vum Enregistrement och mat enger Requête, also engem geschriwwenen Antrag, ka gemeet ginn, déi de Bierger selwer confectionnéiert; datt ergo de Bierger seng Affär selwer viru Geriicht vertrëtt a plädéiert.
Sollt esou eng Vereinfachung bei de Juridictions de l'ordre judiciaire net méiglech sinn, da kéint de Législateur de Juridictions administratives d'Zoustännegkeet fir dëse Volet vun TVA-Contestatiounen attribuéieren.
Ech soe Merci.
Arthur Feyder
Gudde Moien!
Merci fir Äre Bäitrag. Är Propose gëtt un déi zoustänneg Ministèren a Verwaltunge virugeleet.
Hei op vosidees.lu kënnt Dir zu all Ament kucken ob et een neie Moment gëtt.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu vosidees.lu
Aucune idée liée
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Michel et un anonyme ont voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
Arthur a partagé
L'équipe de Vos Idées
Gudde Moien!
Merci fir Äre Bäitrag. Är Propose gëtt un déi zoustänneg Ministèren a Verwaltunge virugeleet.
Hei op vosidees.lu kënnt Dir zu all Ament kucken ob et een neie Moment gëtt.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu vosidees.lu