L'équipe de Vos Idées
L'équipe de Vos Idées

L'équipe de Vos Idées

Niveau
0
Score
0
Equipe

Bonjour!

Merci fir Äre Bäitrag!

Net all Felg ('Wanterfelg') muss extra vun der SNCA ofgeholl ginn: soulaang wéi de Proprietaire vun engem Gefier Felgen op säi Gefier drop montéiert, déi deene Moossen entspriechen, déi um 'Certificat de conformité' vum Gefier (CoC) drop stinn, brauchen déi Felgen NET extra ofgeholl ze ginn. Wann de Proprietaire vun engem Gefier awer Felgen op säi Gefier drop montéiert, deenen hier Moossen NET um CoC drop stinn, a mussen déi Felgen en effet extra ofgeholl ginn, an zwar well d'Gefier selwer jo dann net méi KONFORM ass mat deenen Donnéeën, déi op sengem CoC drop stinn, An deem Fall duerf d'Gefier dann - geméiss de betreffenden europäesche Virschrëften - net méi um 'normale' Wee ugemellt ginn, mä d'Gefier ka resp. duerf dann nëmmen nach just eenzeg an eleng iwwert de Wee vun enger 'Réception nationale individuelle' (déi hei zu Lëtzebuerg 'Réception nationale à titre isolé' (RTI) heescht) ugemellt ginn.

Wat d'Prozedur ugeet, fir net konform Felgen (oder aner Accessoiren) ofzehuelen, huet d'SNCA eng 'web-Applicatioun' entwéckelt, mat deeër an Zukunft d'Garagisten an och d'Verkeefer vun Accessoiren der SNCA direkt kënne matdeelen, wann e Client bei hinne Felgen (oder aner Accessoiren) kaaft huet, déi mussen extra ofgeholl ginn. De Garagist resp. Accessoiriste schéckt dann all d'Informatiounen an d'Dokumenter iwwert d'Felgen/oder aner Accessoiren um direkte Wee un d'SNCA, d'Experte vun der SNCA kucken dat dann no a kënnen alles preparéieren. Wann de Client da bei d‘SNCA kënnt, fir seng Felgen oder aner Accessoiren op der 'groer Kaart' vu sengem Gefier androen ze loossen, da geet dat da ganz séier, well jo dann de ganzen Dossier schonn am viraus kontrolléiert ginn ass, a just nach eng visuell Kontroll um Gefier muss gemaach gi vun der Felg resp. dem Accessoire, deen nomontéiert ginn ass.

Dës nei Prozedur wäert am Laf vum Mount Mäerz 2015 ulafen.

Mat beschte Gréiss,

D'Equipe vu http://www.vosidees.lu

Commentaires (3)

Andre D.
Andre D.

Andre D.

Niveau
0
Score
0

Offiziell Händler froën d'Gro Kuart vum Auto a veraufen Felgen respektiv Pneuë déi op den Auto passen (do get et eng e1..... -Nummer). Déi Felgen hun dann eng ABE (allgemeine Betriebserlaubnis). Déi däerf een an Däitschland ouni zousätzlechen Opwand (=Agréatioun) einfach op deen Auto opleeën. Déi Deeler hun eng Baumusterprüfung an der Hiersteller garantéiert, dat déi agehale gouf.
Déi gëllt awer an der ganzer EU, ausser dat Letzëbuerg sech net dorunner hält.
Also muss dëst erëm separat controlléiert gin fir 62,5€ an et muss een déi Felgen zousätzlech bei all contrôle technique erëm virweisen.
Och dat as lëschteg, well vill Leit hier Saisonspneuë beim Händler agelagert hun. Déi kann een net emol einfach aus dem Keller huelen vir fir der SNCT viirzeweisen.
Fin mot as: egal wat et als Certificat get, mäer traue kengem iwert de Wee.

Andre D.
Andre D.

Andre D.

Niveau
0
Score
0

Ech hat nach vergiess, dat eis Händler ugehale sin beim Verkauf vu Felgen, der SNCT SNCA ee Fax maache sollen um ween a welchen Auto wéi eng agréationsflichteg Felgen verkauf goufen.
Dozou zwou Saachen:
Gin ech an d'Ausland Felge kaufen kréien eis Controllinstanzen sëcherlech keng Informatioun matgedeelt.
A wéi eng gestzlech Grondlag get et iwerhaapt heifir? De Client wees am Prinzip näischt dovunner. Oder méi krass ausgedrëckt, wann ech elo een Crëschtbeemche kaufen get dann d'Fortstverwaltung och ugeschriwen?
Wann een Autosplake kaufe geet, da mecht den Händler zu Esch eng Fotokopie vun der carte d'identité. Däerf deen dat? Et get keen Hinweis op eng gesetzleg Grondlag. Et get einfach gemach, an d'Leit hun dëst ze bevollegen.

Renow