La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Gudden Owend
Firwat ass d'Carte enseignant net méi laang gülteg?
Fir Suen ze spueren an fir är an eis Procéduren ze vereinfachen, proposéieren ech dat se net nemmen zwee Joer lang soll gülteg sinn.
Normalerweis changéiert een jo net esou séier de Beruff.
Mat frëndlechen Gréiss
Samuel Nilles
Bonjour!
Merci fir Äre Bäitrag!
D’Produktioun an d’Verdeele vun der Carte d’enseignant fir d’Enseignanten am Fondamental gëtt zënter Mäerz 2015 vun de Regionalbureauen assuréiert. All d’Enseignanten aus dem Fondamental hunn dee Moment eng nei mycard-Enseignantskaart, wéi se och am Secondaire am Asaz ass, kritt, allerdéngs ouni RFID-Chip, wëll et dofir de Moment (nach) keng Verwennung am Fondamental gëtt. Dës nei Kaart ass effektiv valabel bis d’Schouljoer 2015-2016 nach mat. Duerno gëtt d’Validitéit vun der Kaart verlängert, andeems – analog zu der Prozedur am Secondaire - een neien Hologramm-Sticker mam Opdrock ‘Valable XX/XX’ op d’Kaart gepécht gëtt. Dës Stickere gi vun de Regionalbureauen eng éischte Kéier um Ufank vum Schouljoer 2016-2017 an de Schoule verdeelt. D‘Validitéitsdauer vun der Kaart ka mat deem Sticker dee Moment ëm 1 oder awer och ëm méi Schouljoere verlängert ginn. D’Leit halen deemno hir Kaart a peche just een neie Sticker drop. Dir hutt Recht, dat muss am Fondamental net onbedingt all Joer gemeet ginn, wëll déi allermeescht Leit effektiv méi laang resp. bis d’Pensioun am Beruff bleiwen.
U sech kréien duerno just nach déi nei Enseignanten an déi, deenen hir Kaart futti oder verluer gaang ass, eng nei Kaart. D’Demande fir eng nei Kaart kann ab Enn Mäerz 2015 iwwert d’Webapplikatioun Scolaria gemeet ginn.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
un anonyme a voté
Samuel a partagé
L'équipe de Vos Idées