La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Kontext:
(N.b.: et betrëfft all Gefierer, déi eng "Auto"-Vignette aktuell mussen hunn, i..e. Auto, Bus, Camion, Camionnette, Motorrad, Trakter, e-Bike, ...; fir ze vereinfacher gëtt nëmmen vun der "Auto"-Vignette geschriwwen)
Haut ass d'Virweisen vun der "Auto"-Vignette obligatoresch op Ufro am Fall vun enger Kontroll.
Allerdings huet den Assatzkommando (Police, SNCT, Douanes, ...) d'Méiglechkeet, a wann net, da miist dës geschaafe ginn, an hierer Verwaltung nozefroën, op d'Autossteiere bezuelt goufen oder net, an dat iwwer een Consultatiouns-Zougang op dës Informatioune am Buchungsprogramm vun der "Autossteier" (Zoustännegkeet vun der Douanes).
Dëst mécht deen 2te Courrier mam Verschécke vun der "Auto-"Vignette iwwerflësseg, deen d'Douanesverwaltung no aktueller Prozedur erausschéckt, nodeems den Encaissement vun der "Autossteier" am Comptabilitéitsprogramm festgestallt gouf.
Virdeeler:
1) Dat bréngt dem Staat eng grouss Erspuernëss
a) am Pabeier (Bréif mat der Vignette, Enveloppe) ;
b) um Posten vun de frais d'envois postaux;
c) an der administrativer Aarbécht (den 2ten Envoi fällt carrément eweg !).
2) Op der aanerer Säit sinn d'Informatioune iwwer d'Bezuelen vun der "Autossteier" bäi Nofro duerch den Asaatzkommando an der Zentral ëmmer déi aktuellsten ... !
Formell Viraussetzung:
Dofir miisst all gesetzlech Referenz op d'Verpflichtung vum Autos-, Bus-, Camions-, a Motorradsfuerer, d'"Auto"-Vignette bäi den "Autos"-Pabeieren zu hunn aus allen Gesetzestexter gestrach ginn, fir op dësem Punkt juristesch Klorheet vir Beamten (an hierer Kontrollfunktioun) an d'Bierger (als déi Kontrolléiert) am Fall vun enger Kontroll ze schaafen.
Bonjour!
Merci fir Äre Bäitrag!
Mir ginn dës Iddi un déi zoustänneg Verwaltunge viru fir ze kucken ob esou eng Ännerung méiglech ass.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
Bonjour!
Merci fir Äre Bäitrag!
Mir ginn dës Iddi un déi zoustänneg Verwaltunge viru fir ze kucken ob esou eng Ännerung méiglech ass.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Tom a voté
Raphaël a commenté
Raphaël a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
A. a voté
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
Guy a partagé

Raphaël R.
Bonjour,
Je trouve l'idée de Guy excellente. Quelle économie pour l'Etat !
Ce n'est pas très moderne d'être obligé d'avoir un document papier à bord du véhicule alors que les données peuvent être contrôlées à distance.
Est-ce que l'administration avance sur ce sujet ? Ou pas ?
Merci