La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Ech hat probéiert een bestëmmtenen Mataarbechter vun der ITM ze erreechen. Dëst ass quasi onméiglech.
Eng direkt Wahl get net méi am Annuaire vum Staat ugewisen. Et muss een iwert den Standard fueren.
Esou wäit esou gutt.
Mee do get een dann net mat dem Mataarbechter verbonnen.
Et muss een den Numm, Viirnumm, Telefonsnummer an Employeur uginn.
Da kuckt d'Madame emol no op een am Fichier dran ass. Wann dëst net de Fall ass, da kritt een dëst vun der Madame gesot. (Dat as mäer Wuerscht op ech an engem Fichier bei hinnen stinn - ech well mat engem schwätzenan net als éischt op enger Lëscht stoën).
Da get een nach ëmmer net verbonnen - da get emol eng Recherche vum Employeur iwert den Site Guichet.lu gemaach. Da dauert dëst wéi laang an dann fënnt d'Madame deen net. (Och dëst kann engem egal sinn). Da mengt d'Madame de Numm wäer falsch vum Employeur, well dësen jo schliislech net gelëscht ass.
Et kann dach net sinn, dat ech op enger öffentlecher Verwaltung einfach net weiderverbonnen ginn!
D'Madame mëcht hier Aarbecht esou wéi se dëst vun hierer neier Direktioun opgedroën kritt huet. Mee eng ITM ass dach keen Héichsëcherheetstrakt wou een einfach esou aus Spaass urifft.
Et soll dach méiglech sinn mat engem Verwaltungsbeamten ze schwätzen wann een do urifft.
Dat selwecht gëllt fir d'Post. Mat hierer Numéro unique kënnt een och net richteg weider wann een e Probleem huet. Et gët een just dauernd weiderverbonnen.
Mat beschte Gréiss,
Bonjour !
Mir krute vun der Direktioun vun der ITM matgedeelt, dass si Ufank Mee 2015 ee Callcenter a Betrib geholl hu fir d’Appellen, déi bei der ITM erakommen, besser geréieren ze kënnen. Do dernieft huet dësen neie System och zu engem besseren interne Fonctionnement vun der ITM bäigedroen.
Vun dësem Call Center aus ginn d’Appellen dann, falls der Persoun um Telefon net direkt ka gehollef ginn, un den Help Center oder déi respektiv Servicer weidergeleet, dat a manner wéi 2 Minutten.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
un anonyme a voté
L'équipe de Vos Idées a statué
Andre a partagé
L'équipe de Vos Idées