Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Aplaz vun deem Anachronismus mat dem Virement op de Kont vum Enregistrement, deen dann en orangen Ziedel heemschéckt deen ech muss an d'Emweltverwaltung schécken proposéieren ech folgende System:
1. Ech froen d'Verlängerung vum Juegdschäin un iwert Guichet.lu mat Signature LuxTrust
2. Ech bezuelen direkt op Guichet.lu mat Kreditkaart
3. Ech scannen op Guichet.lu meng Attestatioun vun der Assurance eran
4. Ech hun bei der Demande e Link op d'Ufro vun engem Extrait vum Casier deen awer net mir heemgeschéckt get mee direkt un d'Emweltverwaltung - am bäschten elektronesch an net um Pabeier
5. Wann d'Verwaltung d'Piècen kontrolléiert huet schéckt se mer e Link iwert deen ech kann um Guichet.lu mäi Schäin erausdrécken.
D’Prime vun der Assurance kann een och direkt bei den Permis dobai schloen. An Frankreich get dat och esou gemach (20€)
Bei der Validatioun vum Paiement sollt een dem MDDI anengems d'Autorisatioun fir den Casier (Bulletin n°3) direkt unzefroen
An der Praxis ass et awer esou dass wann een veruerteelt gëtt, den Ministère de la Justice den MDDI informéiert an deen dann den Permis de Chasse anzitt. (Art. 68 vum Juegdgesetz vun 2011: Le ministre refuse ou retire le permis:1.à toute personne à laquelle l'autorisation de port d'arme a été refusée ou retirée)
Bei den 2.200 Permien di all Joer ugefrot ginn ass jo quasi 100% net vun deem art. 68 betraff.
Aucune idée liée
un anonyme a voté
un anonyme a voté
un anonyme a voté
Georges et Jean-Claude ont commenté
un anonyme a voté
Jean-Claude et un anonyme ont voté
Mario a partagé
Georges D.
Bezuelen Online, erausdrecken, emmer eng Attestatioun assurance beim Permis derbei hunnan faerdeg,