La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Praktesch all Woch Sinn ech Zeie vu geféierleche Manoever op der A7, entrée Recke/Miersch. D'Visibilitéit op déi Autoe déi hei op d'A7 ass 0 bis si hannert dem Schallschutz arvir komme. D'Opfahrt ass och vill ze kuerz fir séch ongeféierlech kënnen anzereihe.
Wat halt dir vu volgender Propose:
1. D'Vitesselimit op der Héicht vum Mierscherbierg op 90 erofsetzen bis nom Tunnel Krounebierg (wat sech ausserdem positiv op de Kaméidi géif auswierke)
2. En duerchgezunnene Strich op der Iwwerhuelspuer, ab der Sortie Mierscherbierg. Esou riskéiere d'Autoë op der Iwwerhuelspuer nët kuerz virun der Opfahrt vu Recken zréck op déi riets Bunn ze fueren, wat alldeegelech zu geféierleche Situatioune féiert.
Käschtepunkt: 4 Strooseschëlter an e wäisse Strich + eventuell en Info panneau "Fir är Sécherheet a manner Kaméidi".
Commentaires (0)
Il n'y a pas encore de commentaire pour cette idée.