La plateforme d’échange étatique dédiée à vos idées !
Cette idée est archivée, les contributions sont neutralisées.
Gudde Moien,
De Moment ass et jo esou, dat eng Plaz beim Staat muss intern ausgeschriwwen gin, fir kennen en changement d'administration unzefroen. Op en neien "poste vacant" op Govjobs, kann een sech als vereedegten Fonctionnaire net bewerben.
Fir den changement d'administration méi einfach ze machen, géing ech et eng gudd Iddi fannen, fir all nei fräi Plazen fir d'éischt intern auszeschreiwen, éier een se fir d'Kandidaten vum Examen-Concours fräigëtt. Et ass jo net sou dat Plazen heiduerch "verluer" gin, mee just ersat duerch aner Plazen.
Wann ech richteg informéiert sin, ass et am Enseignement jo d'selwecht, dat déi vereedegt Fonctionnairen sech fir d'éischt kënnen op fräi Posten mellen an d'Stagiairen dann herno kennen "wielen".
Et ass nämlech leider esou, dat nodem d'Stagiairen sech op Posten gemellt hun, net méi vill iwwreg bleift, an den changement d'administration nëmmen fir ganz wéineg Leit en Thema ass. (well eben net méi vill Choix ass) Dëst kënnt natierlech och emmer op d'Carrière un.
An der Praxis kéint een et jo esou machen, dat een 2-3 Wochen éier nei Plazen öffentlech ausgeschriwwen gin, de Leit vun de jeweilegen Carrièren géing eng Lëscht mat den verfügbaren Plazen zoukommen loossen, bzw op Govjobs géing veröffentlechen. Dann hätt all Interesséierten 1-2 Wochen Zäit fir sech op dës Plaz ze mellen.
Spéider kéint een déi nei fräi Plaaz (wou de Fonctionnaire fort gangen ass) dann fir d'Stagiairen op d'Lëscht dobäi schreiwen.
Merci am Viraus.
Myriam
Bonjour,
Merci fir Äre Bäitrag.
De Choix iwwer wéi ee Wee eng Verwaltung ee fräie Poste publizéiert, läit alleng bei der Verwaltung.
Vill Verwaltunge maachen et elo schonn esou, dass si hir fräi Plaze fir d'éischt iwwer de Recrutement interne publizéieren. Fir dëst awer obligatoresch ze maachen, ass den Ament net virgesinn.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu
L'équipe de Vos Idées a statué
Myriam a partagé

L'équipe de Vos Idées
Bonjour,
Merci fir Äre Bäitrag.
De Choix iwwer wéi ee Wee eng Verwaltung ee fräie Poste publizéiert, läit alleng bei der Verwaltung.
Vill Verwaltunge maachen et elo schonn esou, dass si hir fräi Plaze fir d'éischt iwwer de Recrutement interne publizéieren. Fir dëst awer obligatoresch ze maachen, ass den Ament net virgesinn.
Mat beschte Gréiss,
D'Equipe vu http://www.vosidees.lu